Ecole de Musique Wiltz, Jugendhaus, Kannerbureau, Kaul, Vivre

25 mars 2017

Kajuko - Theaterworkshop am Prabbeli

Theater kajuko fev17

Informations générales


Date
25 mars 2017
Horaires

13:00 - 18:00

Lieu
Prabbeli
Tarif
gratuit
Organisé par
Kannerbureau a Jugendhaus

Programme

D’Schauspillerin Susanne Schrader luet dech an, een No­mëtteg unhand vun Theaterübungen d’Welt vum Theater z‘entdecken, an dobäi villfälteg Themen matanzebannen, di fir iech wichteg sinn.

Bei Wonsch kennen di Ergebnisser den 1. Abrëll och an eis Jugendkonferenz mattafléissen.

Kajuko 2017 den 1. Abrëll: Jugendkonferenz am Prabbeli vun 13:00 bis 18:00 Auer

Ween seet datt politescht Engagement langweileg ass? Maach matt bei eisem Kajuko Programm an schaff matt u konkreten a kreative Projetën.

Huel der een oder zwee Samsdeger Zäit an schaff matt anere Jugendlichen an Experten u spannende Themen matt. 

All Workshops di hei beschriwwe si, ginn vun engagéierten Experten gefouert, di dofir do sinn, dech bei der Entwécklung vun dengen Iddien ze begleeden an ze beroden. 

Di zwee Deeg gëtt diskutéiert, geschafft, zesummen erfuerscht an och vill gelaacht. Däi Beitrag ass wichteg fir datt eis Workshops interessant an villfälteg ginn!

Workshops 1. Abrëll:

1. Skatepark a Wooltz

2. En Event fir Jugendlecher

3. Urban Art and Gardening

4. Chillplaz a Wooltz

17:00 Auer:

Entrevue mam Buergermeeschter Fränk Arndt

18:00 Auer:

Ofschloss mat Musek an engem Patt am Café Prabbeli

Umeldung:

Meld Dech bis spéitstens den Dag virdrun beim Kannerbureau Wooltz oder Jugendhaus un!

KANNERBUREAU WOOLTZ

10, rue de la Montagne, L-9538 Wiltz
Tel.: 95 92 05 96
Gsm: 691 57 73 52
E-mail:

www.kabu.lu

Jugendhaus Wooltz

59, rue Michel Thilges, L-9573 Wiltz
Tel.: 95 93 27
Gsm: 691 26 09 87
E-Mail: