Formatioun zum Babysitter - Fir Jonker ab 15 Joer

Babysitter

PUBLIÉ LE 08 janvier 2017

Mir maachen dech fit als Babysitter!

Mat vill Spaass a Freed kriss du bäibruecht wat et heescht Babysitter ze sinn:

  • Rechter a Pflichten vun engem Babysitter
  • Entwécklung vum Kand
  • Fiddere vun engem Klengkand
  • Hygiène, Ernährung a Schlof beim Kand
  • Kommunikatioun mat Kand an Elteren
  • A nach villes méi

Wou: Jugendhaus Wooltz ? 59, rue Michel Thilges, L-9573 Wiltz

Wéini: 22. Februar 2017 vun 09:00 bis 18:00 Auer

Präis: D’Formatioun kascht 25 € (D’Iessen ass am Präis abegraff)

Interesséiert?

Da mell dech nach haut un. Umeldeschluss ass den 15. Februar 2017.

Fir d’Umeldung an all weider Fro kanns du op den 95 93 27 uruffen, eng E-mail op den jugendhauswooltz@pt.lu schreiwen oder einfach an d’Jugendhaus laanscht kommen.


Si vous voulez recevoir les dernières actualités par e-mail...

...alors inscrivez-vous à notre newsletter!