Formatioun Animateur, maach mat!

Logo Animateur

PUBLIÉ LE 23 Januar 2017

Fir den Brevet A

D’Jugendhaus Wooltz an Zesummenaarbecht mat Coopérations a.s.b.l. bitt och dëst Joer erëm d’Formatioun Animateur A un.

Umellen an Informatiounen: Jugendhaus Wooltz

59, rue Michel Thilges, L-9573 Wooltz 
Tel.: 95 93 27 oder GSM: 691 95 93 27
E-Mail: jugendhauswooltz@pt.lu

Dës unerkannten Formatioun preparéiert déi Jonk drop fir aktiv un Vakanzenaktivitéiten mat Kanner deelzehuelen. Déi Jonk kréien no Ofschloss vun der Formatioun een unerkanntenen Brevet vum Ministère de l’Education nationale. 

Inhalt vun der Formatioun:

Déi nonformal Formatioun besteet aus 30 theoreteschen Stonnen, opgedeelt an verschidden Beräicher:

• Responsabilitéiten vis-à-vis vun Kanner a Jonken.
• Risikopréventioun an der Aarbecht mat Kanner.
• Praktesch Consignen (Sécherheet, Administratioun, ...)
• Spiller plangen, erklären, duerchféieren, begleeden.
• Gruppen motivéieren, ...

Nierwt 30 theoreteschen Stonnen sinn no der Formatioun 20 praktesch Stonnen ze verriichten. D’Formatioun kascht 50 €, vun deenen een 25 € remkritt no Ofschloss vun den prakteschen Stonnen.

Ween kann matmaachen?

All Jonken ab 15 Joer.  D’Formatioun ass op 12 Leit limitéiert.

Wéini ass d’Formatioun?

D’Formatioun besteet aus 2 x 2 Deeg mat Iwwernuechtung. 

12. - 13. Abrëll 2017 & 30. Abrëll - 1. Mee 2017


Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...

...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!