2. Editioun am Kanton Wooltz vum «Kannerwonschbam»

Kannerwonschbam

PUBLIÉ LE 08 November 2017

Solidaritéits-Aktioun fir Kanner aus manner bemëttelte Familljen(*)

Mengt Dir och, dass all Kand sollt fir Chrëschtdag kënnen e Cadeau kréien? An dat onofhängeg vu séngem sozialen Ëmfeld? Dir kënnt Ären Deel dozou bäidroen. Weider Detailer fannt Dir op der Récksäit. Eng Initiative vum Lions-Club Grand-Duché Ardennes, zesummen mam Office social vu Wooltz an de Gemenge aus dem Kanton Wooltz.

 

(*) D’Critère, fir an de Genoss vun dëser Aktioun ze kommen, ginn vum Office social festgeluecht. Den Anonymat vun de Kanner a vun den Donateuren bleift garantéiert.

 

Hëlleft eis hëllefen fir dass all Kand am Kanton Wooltz e Cadeau fir Chrëschtdag kritt.

 

Gitt tëschent dem 1. Advent an dem 3. Advent op Är Gemeng.

Do steet de Kannerwonschbam, mat Stären dekoréiert. Op all Stär steet de Wonsch vun engem Kand aus Ärer

Géigend. Huelt e Stär erof a sot Ärer Gemeng Bescheed.

Erfëllt dem Kand säi Wonsch, andeems Dir de Cadeau kaaft, deen um Stär steet. Et handelt sech hei ëm Cadeau’en an engem Wäert vu manner wéi 50 €. Hannerleet de Cadeau mam Stär op Ärer Gemeng virum 3. Advent.

 

Oder maacht en Don mat enger Iwwerweisung op de Konto vum Lions-Club Grand-Duché Ardennes, mat der Mentioun

«Kannerwonschbam», LU93 0020 1272 1710 0000 (BILLLULL).

 

Merci fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung !


Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...

...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!