Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag zu Wooltz - 22. Juni 2018

Affiche fete nationale juin18web

PUBLIÉ LE 14 Juni 2018

Ëm 17:00 Auer

 

  • Feierlechen Empfank fir d’Verwaltungen, d’Institutiounen, d’Betriiber, d’Pompjeeën an d’Veräiner am Schlass
  • Musikalesch Begleedung vun der Musikschoul Wooltz
  • Usprooch vum Buergermeeschter Fränk Arndt
  • Iwwerreeche vun de Medaillen un d’Pompjeeën
  • Iwwerreeche vun de Medaillen un d’Dirigeants Méritants
  • Dono spillt d’Harmonie Grand-Ducale Municipale d’lëtzebuerger Nationalhymne

 

Ëm 18.30 Auer

 

  • Cortège mat der Harmonie Grand-Ducale Municipale an d’Uewerweelzer Kierch.

 

Ëm 18.45 Auer

 

  • Te Deum an der Uewerweeltzer Kierch.

 

Vun 17:45 bis 18:30 Auer:

 

“Verre de l’Amitié“ am Schlasshaff, offréiert vun der Gemeng Wooltz.

 

Vun 17:45 bis 23:00 Auer:

 

Live Musik – Animatioun fir Kanner

Fir Iessen an Drenken suergen d’Weeltzer Veräiner.

 

Villmools Merci fir Är Präsenz. De Schäfferot vun der Gemeng Wooltz.


Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...

...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!