Partager l'article
Informations générales
20:00 - 23:00
Programme
Akusteschen Hip-Hop op Lëtzebuergesch: Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi. De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch, also net, wéi gewinnt am Hip Hop, mat fäerdeg produzéierte Beats & Samples, mee mat richtegen akusteschen Instrumenter. Et ass ee Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderem den Tommek, de jonke Lëtzebuerger Rapper mat polneschen Originnen, mat de Museker vun der Rockband "All the way down" an de Gebridder Tun & Luka Tonnar.
Tommek (Tom Mersch): Vocals. luk. (Luka Tonnar): Guitar/Vocals. Skinny J (Jim Thill): Guitar/Vocals. Turnup Tun (Tun Tonnar): Piano/Vocals. Maddy (Mateus Wojda): Bass/Vocals. Ragga (John Wolter). Drums/Vocals.