Partager l'article
Informations générales
18:00 - 20:00
Programme
D' Iessbar Stad ass eng Biergerinitiativ zu Wooltz, déi sech mat dem Thema an der Ëmsetzung vun gemeinsame Gäert beschäftegt.
An dëser Grupp geet et drëms e Projet zu Wooltz ze organiséieren, deen fir all Bierger do ass a jiddereen sech abrénge kann. Sozialen Zesummenhalt a nohalteg eng nohalteg Produktioun vu Geméis a Uebst stinn am Virdergrond vun der Aarbecht an dëser Grupp.
En éischten Projet den d'Grupp realiséieren wëllt, ass en Gemeinschafts Gaart zu Wooltz.
Wanns Du och intresséiert bass eng Kéier bei dësem Projet eran ze luussen, da komm gäre laanscht.
Dëst ass en ëffentlech Grupp a jiddereen ass wëllkomm.
Treffen sinn all zweeten Méindeg am Mount ab 18 Auer am CoLab zu Wooltz