Agenda, Visiter, Vivre

24 avril 2021

Garden Sounds - The Tame and the Wild/ Wolf & Moon

133

Partager l'article

Informations générales


Date
24 avril 2021
Horaires

19:00 - 23:00

Lieu
Jardin de Wiltz
Organisé par
Coopérations
T.
(+352) 95 92 05 1
E.

Programme

Ënnert dem Motto Stärennuecht, an an Zesummenaarbecht mam Night, Light & More Festival brénge mer Wolf & Moon an The Tame and the Wild ënnert de fräien Himmel - direkt an eise Jardin de Wiltz.

 

Apéro - Wann déi Sanitär Oplagen et erlaben: 18:00

 

Wolf & Moon (Indie Folk, DE): 19:00

 

De Stil vum Wolf & Moon Duo zeechent sech duerch eng musikalesch Mëschung vu verdreemtem Indie-Folk an Elektro-Elementer aus. Hir Tracks lueden doduerch net just a fir ze dreemen, mee och fir ze danzen. Hiren éischten Album "Before It Gets Dark" huet d'Duo scho bis an Australien, d'USA, Groussbritannien, Irland, Däitschland an Holland gefouert.

 

Tame and the Wild (Indie Folk, LU): 20:30 

 

 D’Lidder vun der Band The Tame and the Wild, mam Singer-Songwriter-Duo Seja a Flëpp si Momentopnamen, Geschichte geprägt vun der Natur, vun Erënnerungen an Dreem, vum Lassloossen a Festhalen. Beaflosst ginn hier nostalgesch Kläng vu Bands wéi Daughter, Angus & Julia Stone, Kodaline a Boy.

 

Location: Prabbeli - Jardin de Wiltz (Fir schlecht Wieder steet en Zelt bereet)

Tickets: Virverkaf 14.00 EUR, Oweskees 16.00 EUR (< 26 Joer Virverkaf 7.00 EUR, Oweskees 9.00 EUR) (Kulturpass 1.50 EUR) 

---

D'Concerte am Jardin de Wiltz gehéieren zu der Serie vun de Garden Sounds. Hei brénge mer vum Fréijoer bis an de fréie Summer alles mat, wat zu engem anstännegen Ënnerhalungsprogramm mat Live Musek gehéiert - alles dobaussen am Gaart.

 

/// Weider Concerten am Kader vun de Garden Sounds: ///

 

01.05, Zu Wooltz gëtt geraibert - 14:30 (Workshop fir Kanner, LU)/ Arthur Possing - 15:00 (Jazz, LU) 

08.05, Tom Gatza - 20.30 (Neoclassical, DE) 

15.05, Pascal Schumacher - 19:00 (Neoclassical/ Jazz/ Ambient, LU)

22.05, Benoit Martiny Band - 19.00 (Jazz/ Rock/ Fusion, LU)

05.06, Hannah Ida - 19:00 (Folk, LU) / Claudine Muno Trio - 20.30 (Folk, LU) 

 

/// CORONA UPDATE ///

Et gëllen déi aktuell Sanitärloplagen, am Accord mat de zoustännegen Autoritéite.