Déclaration politique 2017-2023
Visioun 2017 – 2023
No dem traditionellen Rendezvous mat den Wieler a Wielerinnen, ass et elo fir all déi, déi erëmgewielt goufen oder eng éischte Kéier gewielt goufen, de Moment fir de Bléck konsequent an d’Zukunft ze riichten.
Dëse Bléck no vir ass fir all d’Memberen vum neien Schäfferot eng Erausfuerderung an dës offiziell Erkärung leet déi grouss Linne vun der Politik fest, déi d’LSAP an d’CSV vu Wooltz an den nächsten Joren ëmsetzen wëllen.
De nei gewielten Schäfferot voan der Gemeng Wooltz wëllt:
- eng gutt Oarbicht während der Mandatsperiod 2017 - 2023 fir d’Bevëlkerung voan der ganzer Gemeng Wooltz leeschten;
- alle Bierger Participatioun an een demokrateschen Dialog garantéieren, an dofir fir perséinlech Entrevuen zur Verfügung stoen, verschidden Informatiounsquellen verstäerken a nirwend den existenten Forumen zousätzlech Plattformen schafen wou Bierger kënnen um ëffentlechen Liewen deelhuelen;
- sech zu enger fairer Zesummenaarbecht tëschent den Vertrieder voan der LSAP an CSV verflichten, en konstruktiven Dialog mat der Oppositioun sichen a weiderfueren mat enger transparenter Berichterstattung.
Erausfuerderungen deenen de Weeltzer Schäfferot sech prioritär stellen wëllt:
- d’Festigung voan der Gemeng Wooltz als Attraktiounszentrum an der Ardenneregioun (CDA) – duerch déi konsequent Stäerkung als regionalen Zentrum fir Wirtschaft, Bildung, Déngschtleeschtung, Fräizäit, Kultur an Tourismus;
- d’Schafen voan neien Perspektiven fir Wooltz duerch eng systematesch Integratioun voan der sougenannter Circular Economy an d’Aarbechten a Projeeen voan der Gemeng – dem nationalen Hotspot an deem Innovatiounsberaïch zu Lëtzebuerg;
- de Bau op de fréieren Industriebroochen am Häerz voa Wooltz, voan engem ganz neien Quartier mat Modellcharakter fir Lëtzebuerg a mat enger héijer Liewensqualitéit fir déi zukünfteg Bewunner voan eiser Gemeng;
- eng aktiv Zesummenaarbecht mat allen regionalen Acteuren fir Projeten ze entwéckelen, déi Wooltz an dat ganzt Éislek als strukturschwach Regioun zu Lëtzebuerg, erëm besser fir d’Zukunft opstellen;
- Consolidéierung an Erhalen voam aktuellen Bestand vun eiser Clinique an sech asetzen fir d’Schafen voan enger Maison Médicale;
- eng responsabel Budgetspolitik mat enger antizyklescher Investitiouns-Strategie déi duerch déi rezent Gemengefinanzéierungsreform elo endlech méiglech ass.
CAP 2030 – En strategeschen Entwécklungsplang voa Wooltz mat ganz konkreten Projeten déi de nei gewielten Schäfferot ëmsetzen wëll
A. Economie Circulaire
- Offiziellen Vote am Gemengerot voan enger „Charte Economie Circulaire” mat der Wooltz sech den Prinzipien voan der „Economie Circulaire” verflicht.
- Integratioun voan der „Economie Circulaire” an en Cahier de charges wou allgemeng Akafsrichtlinien fir d’Gemengeservicer festgeluecht ginn.
- Integratioun voan der „Economie Circulaire” an dat kommunaalt Bautereglement.
- Integratioun voan der „Economie Circulaire” an grouss Bauprojeten voan der Gemeng Wooltz, wéi zum Beispill de
- Bau voan enger Hall fir kleng Betriber an der Aktivitéitszone zu Wegdichen oder voan engem neien Schoulkomplex am Quartier Wunne mat der Wooltz.
- Exploitatioun voan engem speziellen Project Hub op der Weeltzer Gare, wou interesséiert Zilgruppen Informatioun, Formatioun an Participatioun ronderëm dat Thema voan der „Economie Circulaire” méiglech wäert sinn.
- Progressiv Transitioun voan enger Logik voan der Gestioun voan Oaffall zu enger Logik voan der Planung voan Wäertstoff.
B. Infrastrukturen, Bauten, Stroossen an ëffentleche Raum
- Ëmgestaltung voam historeschen Zentrum (Groussgaass, Scheergaass an Hannelast) fir esou nei Perspektiven a eng besser Liewen- an Openthaltsqualitéit an der Weeltzer Uewerstad ze garantéieren.
- Bau voan engem modulären Gebai mat modernen Parkplazen, Studentewunnengen an aner ëffentlechen Strukturen beim Weeltzer Schlass op dem Terrain voan der fréierer Spillschoul.
- Bau voan enger Hall fir kleng Betriber an der Aktivitéitszone zu Wegdichen.
- Bau voan engem neien ëffentlechen Komplex am Quartier „Wunne mat der Wooltz” mat Grondschoul, Maison Relais, Museksschoul a Kannermusée.
- Renovatioun voam der Villa Thiltges, dem historeschen Gemengenhaus voa Wooltz.
- Ëmgestaltung voam Parc Simon no den Virstellungen déi voan der Weeltzer Jugend an engem participativen Prozess ausgeschafft goufen an Astandsetzung vum Monument „Eis Jongen” mat der Villa Simon.
- Patrimoine vun der Gemeng Wooltz am Aen behalen an déi néideg Sanéierungsaarbechten virgesinn.
- Fäerdegstellung voan den ëmfangräichen Renovatiounsaarbechten am Weeltzer Schlass. (Tuerm, Syndikat, ...)
- Bau voan enger neier Strooss voan der Kräizung beim LNW bis an d’Entrée voan dem neien Quartier „Wunne mat der Wooltz” op der Wanseler Strooss.
- Bau voan enger neier Strooss voan der Gare bis an d’Entrée voan dem neien Quartier „Wunne mat der Wooltz” op der Wanseler Strooss.
- Bau voan engem neien Parking an der Aktivitéitszone Salzbaach wou elo nach Betriber bäikommen oder am gaangen sinn aus gebaut ze ginn.
- Upassung voam existenten PAG voan der aler Gemeng Eschweiler un den nei gestëmmten PAG voan der Gemeng Wooltz, souwéi d’Ausschaffen vun engem neien Bautereglement.
- Reegelméisseg Erneierung an Zesummenoarbecht mat allen Acteuren, voan den ëffentlechen iwwer- an ënnerierdeschen techneschen Infrastrukturen an Equipementer an der Gemeng Wooltz duerch d’Moderniséierung vu verschiddene Stroossen an eiser Gemeng.
C. Sozialen Zesummenhalt & matbestëmmend Demokratie
- Ënnerstëtzung voan Initiativen fir den drëtten a véierten Alter wéi „Eise gudden Noper“, „Mateneen Aktiv”, ... Consolidéierung vun den ëffentlechen Strukturen déi fir Kanner a Jugendlecher schaffen: de Weeltzer Kannerbureau, d’Jugendhaus, eng Plaz fir d’Jugend, de Jugendbureau Éislek, d’Maisons relais an d’Crèchen mat der Bëschcrèche an der Kirel, Aféierung vun enger Jugendkommissioun, ...
- Ënnerstëtzung voan sozialen Strukturen a Programmer zu Wooltz wéi de Foyer Oasis voan der Caritas, de Croix-Rouge Buttek, de Programm Youth4Work, den CIGR Wiltz Plus etc ... dat virun allem fir eisen jonken Lekt oder och den Lekt mat Migratiounshannergrond aus der Gemeng ze hëllefen.
- Reegelméisseg Grënnung vun themateschen Aarbechtsgruppen mat engem Mix voan Bierger, Gemengepersonal an externen Spezialisten.
- Opbau voan enger neier Internetplattform déi eng reegelméisseg Participatioun voan den Lekt an den Iwwerleeungen an Oarbichten voan hirer Gemeng zukünfteg méiglech mëscht.
- Entwécklung voan weideren Pilotprojeten am Beräich vun der solidarescher Wirtschaft an der Gemeng a Regioun voan Wooltz.
D. Fräizäit, Sport, Kultur & Tourismus
- Weiderentwécklung voam Areal voan der KAUL zu engem attraktiven regionalen Fräizäitzentrum: mat dem weideren Ausbau voan den verschiddenen naturnoen an héichwäertegen Wunnformen um Camping. Mat dem Bau voan engem eenzegaartegen Integratiouns Hotel an enker Zesummenaarbecht mat Coopérations an 3 Ministèren. Mat dem weideren Ausbau voam Sport- a SpillPark fir Jonk an Aal (BikePark, SkatePark, Park Multisport, Klammpark). Mat dem progressiven Opbau voan engem attraktiven Angebot voan Fräizäitaktivitéiten fir Awunner an den Visiteuren voan der Gemeng Wooltz. Mat dem Ausschaffen voan engem neien Konzept fir eis oppen Schwämm aus den 70 Joren.
- Ëmsetzung vum nationalen Projet mat Modellcharakter „Kannermusée” an dem neien Quartier „Wunne mat der Wooltz”.
- Konsolidéierung voan der neier professioneller Ekipp bei Coopérations déi sech ëm den regulären Kulturprogramm am regionalen Kulturzenter Prabbeli an och ëm d’Organisatioun vun groussen Manifestatiounen zu Wooltz këmmert: Festival, ArtWiltz, Nuit des Lampions, ...
- Weider foaren vum Erneieren an Schafen voan Spillplazen an Plazen fir d’Jugend an der Gemeng Wooltz.
E. Ëmwelt & Mobilitéit
- Schafung voan engem modernen multimodalen Mobilitéitspole fir Bus, Zuch, Autoen, Vëloen a Foussgänger op der Weeltzer Gare an Zesummenaarbecht mat den zoustännegen nationalen Autoritéiten.
- Ausschaffen voan engem neien a globalen Mobilitéitskonzept fir déi ganz Gemeng Wooltz, mat den Schwéierpunkten Parkplazen am Stadzentrum, ëffentlechen Transport an der Stad an iwwer Land (Citybus, RGTR, Night Rider, Transportugebod fir Persounen mat ageschränkter Mobilitéit, ...), Mobilitéit douce mat de Vëlos- a Foussgängerinfrastrukturen.
- Investitioun an erneierbar Energiequellen wéi Waasser-, Wand- a Solarenergie.
- Reduzéierung vun den fossillen Energieträger duerch eng progressiv energetesch Sanéierung voan den Gemengegebaier.
- Den Automobillen Fuerpark voan der Gemeng progressiv an den Zäitalter voan der Elektromobilitéit bréngen.
F. Stadentwécklung a Woahnungen
- Systemateschen Opkaf voan strategeschen Immobilien (Haiser an Terraine) fir iwwert dee Wee positiv a nohalteg Impulser fir d’Entwécklung an den Urbanismus voan eiser Gemeng ze setzen.
- Aktiv Begleedung voan wichtegen Bauprojeten zu Wooltz wéi zum Beispill den Quartier „Wunne mat der Wooltz” oder den Projeten Haargarten, Batzendelt, Hegdert oder wéi allgemeng de Baulückenprogramm.
- Bau voan verschiddenen Zorten vun Woahnungen zu bezuelbare Präisser, virrangeg an der Stad Wooltz an zu Eschweiler.
G. Ekonomesch Entwécklung
- Bau voan enger grousser modulärer Hall fir d’Usiidlung voan klengen Betriber an der kommunaler Aktivitéitszone zu Wegdichen.
- Ausbau voan der regionaler Aktivitéitszone Salzbaach no den Prinzipien voan der „Economie Circulaire”.
- Praktesch Begleedung voan den Weeltzer Betriber déi zesummen am Beräich voan der „Economie Circulaire” wëlle schaffen.
- Ausschaffen am Kader voam City-Management Programm voan engem strategeschen Aktiounsplang fir nei Perspektiven fir den Handel an d’Gastronomie zu Wooltz ze schafen, dëst am Kontext voam nationalen an engem lokalen Pakt Pro Commerce Programm.
- Progressiv Schafung voan modernen Gewerbeflächen ronderëm d’Gare an op verschiddenen Plazen am neien Quartier „Wunne mat der Wooltz”.
- Iwwerleeungen zu engem innovativen Konzept fir e sougenannt „House of Circular Economy” mat integréiertem Grënnerzentrum an dem verbleiwenden historeschen Gebai voan der Ideal Fabrick ze entwéckelen.
- Ausschaffen vun engem Konzept fir Start Up Entreprisen ze ënnerstëtzen.
H. Erzéiung a Bildung
- Konsolidéierung voam Weeltzer Grondschoulcampus no der Restrukturatioun voan den 3 Schoulen.
- Weider Zesummenaarbecht am Gemengensyndikat Schoulkauz mam Kiischpelt.
- Ënnerstëtzung an Entwécklung voan den verschiddenen Schoulen a Weiderbildungsinstituter um Héichschoulcampus voam Weeltzer Schlass.
- Reaffirméieren voam Ausbildungsprogramm vun Léierbouwen a -meedercher an de Gemengeservicer.
- Opbau voan spezifeschen Formatiounen am Beräich voan der „Economie Circulaire” fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener.
I. Marketing- a Kommunikatiounsstrategie
- Ausbau voan allen existenten Informatiounskanäl voan der Gemeng Wooltz.
- Opbau voan neien Kommunikatiounsweeër déi méi Interaktivitéit an och verstäerkt eng aktiv Participatioun voan den Bierger erméiglecht.
- Strategie déi verstäerkt probéieren wäert fir eis Identitéit no bannen an d’Bild voa Wooltz no baussen ze beaflossen.
- Ënnerstëtzung voan allen Veräiner an Organisatiounen an der Gemeng, déi direkt oder indirekt mat hëllefen fir d’Bild voan Wooltz ze prägen a strategesch wichteg Themen an den Virdergrond ze stellen.