Mini-Crèche "Bëschmais Kaul"

RS13362_20230926 - Bëschcrèche Kaul - 3-lpr

PUBLIÉ LE 31 octobre 2023

Déi nei Mini-Crèche „Bëschmais Kaul“ mëscht hir Diren Mëtt Oktober zu Wooltz op a bidd 11 Kanner tëschent 2 a 4 Joer eng ganz besonneg Méiglechkeet vun der non-formaler Bildung.

De Bësch ass eng inspiréierend Bildungslandschaft, déi zum Entdecken alued. Den dagdeeglechen direkten Kontakt mat der Natur, bidd de Kanner d’Méiglechkeet hir Ëmwelt spilleresch ze erfuerschen. Dobäi gëtt hir Kreativitéit, hir Selbststännegkeet an hir motorësch Fähegkeeten gefuedert. Mat der Ouverture vun eiser zweeter Struktur mat dësem Konzept, sëtze mir als Kannerhaus Wooltz a.s.b.l gezielt een Zeechen fir eng bewosst an nohalteg Bildung vun de Kanner.

De Chalet an der Kaul, an der Campingstrooss 26, bidd de Kanner e gemittlechen Réckzuchsuert vum Léieren, dem sozialen Kontakt an der Wärtschätzung. Eist ausgebilten an naturverbonnen Educateuren, freeën sech elo schon den Alldag ganz am partizipativen Gedanken zesummen mat de Kanner ze gestalten an no eisem Konzept vun der ganzheetlecher Fuederung vun der Entwecklung vum Kand ze schaffen.

Wendt iech fir wieder Informatiounen gären un d’Carmen Graff, Chargée de Direction vun de Mini-Bëschcrèchen vum Kannerhaus Wooltz.

Tel. : 95 83 70 850 / E-Mail: minicreche.beschmais@kannerhaus-wooltz.lu

D’Educateuren aus der Bëschcrèche:

Pol: Ech freeë mech, de Kanner Schéinheet an Vilfalt vun der Natur duerch entdecken an erfuerschen méi no ze bréngen.

Sarah: Ech si gär an der Natur, an ech si frou, meng Begeeschterung fir d' Natur un d'Kanner weiderzeginn.

Aida: Ich freue mich mit den Kindern barfuß und mit vollem Herzen die Natur zu erleben.

Cathy: Ech freeën mech op Kanner fir mat hinnen zesummen déi grouss Spillplaz "Natur" ze entdecken.

 

photo groupe landscape

Si vous voulez recevoir les dernières actualités par e-mail...

...alors inscrivez-vous à notre newsletter!