Den amerikanische Kleessen ass dout

Photo: Thierry Feller

PUBLIÉ LE 04 décembre 2018

Een Noruff vum Emile Lutgen

Den 11. Oktober ass de Richard Brookins am Alter voa 96 Joer gestoorwen. Heen hoat de 5. Dezember 1944 de Kleesse fir déi Weeltzer Kanner gespillt.

 

D’Lëtzebuerger Land war den 10. Mee 1940 voan den Däitsche besat an den 10. September 1944 eng éischte Kéier voan den Amerikaner befreit ginn. D’Zaldote voan der „28. Infantry Division“, déi am Schlass ënnerbroacht waren, hoan decidéiert, de Weeltzer Kanner fir Kleeserchesdag eng Freed ze man. Si hoa Séissigkeeten aus hire Chrëstdaagspäck, déi si voan doheem geschéckt kruten, an aus hire Ratiounen, am Schlass zesoame gedroen. Eigentlich sollt den GI Harry Stutz de Kleesse spillen, ma him hoan d’Bëschoofskleeder nik gepasst. Dunn hoat säi Komerod Richard, genannt Dick, Brookins déi Funktioun iwwerhoolt.

 

Lass gung et am Haff voan der deemoliger Bouweschoul, déi do stung, wou hokt d’Streikdenkmal steet. Dono gung et mat der Jeep an d’Schlass, wou d’Schwësteren aus dem Meederchespensionat dem héije Gaast beim Ausdeele voan de Séissigkeete gehollef hoan. D’Kanner waren ausser sich voa Freed. Dass de Richard Brookins 1977 eng zweete Kéier de Kleesse gespillt hoat, ass dem Jeanly Schweig, deemools Präsident voan den „Amis de la Féerie du Genêt“, ze verdanken. De Jeanly stung a Kontakt mat enger Rei voan amerikanische Veteranen. Hee koum op d’Iddi, den „Dick“ Brookins an de Staaten opsichen ze lossen an op Wooltz z‘invitéieren.

 

Dono ass de Brookins bei bal alle ronne Gebuertsdeeg voan der 1949 gegrënnter „Oeuvre Saint Nicolas“ op Wooltz kommen. Dat war de Fall 1984, 1994, 1999, 2004, 2009 a fir d’lest 2014. Voan 1977 bis 2009 hoat hee sechs Mol de Kleesse gespillt. 2014 hoat seng Gesoondheet him dat nik méi erlaabt.

 

Fir déi Weeltzer gouf de Richard Brookins, „The american Saint Nick“, zu enger Legend, zu engem Held. 2009 hoat d‘„Oeuvre Saint Nicolas“ him zu Léift ee Gedenksteen opgeriicht. 2016, am Alter voa 94 Joer, krut heen déi héchst Lëtzebuerger militärisch Auszeechnung.


Si vous voulez recevoir les dernières actualités par e-mail...

...alors inscrivez-vous à notre newsletter!