Wëllkomm zu Wooltz – Kommt un eisen Dësch

Informations générales
Date et horaire : samedi, 04 octobre 2025 11:30 - 11:30
Lieu : Ancien Parking Monopol
Organisateur : Cooperations
Tarif : Deng Plaz um Dësch - Erwuessener (inkl. 10€ Kautioun) 50€, Deng Plaz um Dësch - Kanner <13 Joer (inkl. 10€ Kautioun) 30€
E. : [email protected]
T. : 9592051
Wooltz feiert seng Diversitéit um längsten Dësch vum Land
Ganz Lëtzebuerg freet sech op dës Feierlechkeeten: No hirer offizieller Inthronisatioun wäerten den Groussherzog Guillaume an d’Groussherzogin Stéphanie de 4. Oktober 2025 fënnef Plazen am Land besichen – an och Wooltz mat enger feierlecher Visitt beéieren. An der Ardennenstad hu sech d’Organisateuren dozou entscheet, d’Awunner:innen an de Mëttelpunkt vum Volleksfest ze stellen – an e puer honnert Mënschen un den Dësch z’invitéieren.
Am Kader vum Trounwiessel entsteet esou de 4. Oktober een eenzegaartegt interkulturellt Fest am Häerz vu Wooltz, dat d’Diversitéit an d’Gemeinschaft an de Mëttelpunkt stellt. D’Groussgaass verwandelt sech an eng lieweg Open-Air-Kuliss – ronderëm de längste gedeckten Dësch vu Lëtzebuerg, un deem honnerte Mënschen zesummen iessen. Net nëmmen op der Grand-Rue, mee och op der Bün vum Amphitheater ginn et bis an d'Nuecht vill Live-Acts – mat engem musikaleschen Highlight vun de Soul-Divae Selah Sue a Claire Parsons.
Setzt Iech bäi a sidd eise Gaascht
Fir sécherzestellen, datt sou vill Leit wéi méiglech vun dëser Plaz vun der Begéinung an der Oppenheet profitéiere kënnen, gëtt den Dësch fir de Banquet véier mol deen Dag gedeckt – jeeweils fir 160 Leit.
• 11:30 – 13:00 Auer
TICKET
• 13:00 – 14:30 Auer
TICKET
• 18:00 – 20:00 Auer
TICKET
• 20:00 – 22:00 Auer
TICKET
Am Zentrum steet den 150 Meter laange Banquetsdësch, deen an ee gewieftent Dëschelduch aus der Duchfabrik Esch-Sauer (Naturpark Öewersauer) gekleed ass. Dëst Textilkonschtwierk erstreckt sech also iwwer e groussen Deel vun der Groussgaass a léisst Wooltz an enger festlecher Ambiance opbléien. Eng ganz Rei vun eenzel gemoolten Telleren stinn um Dësch, déi vu Kanner aus de Maisons Relaisen an engem partizipative Summer-Workshop zesumme mat COOPERATIONS an ënner der Leedung vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Lisa Junius entworf goufen. D'Awunner vum Altersheem Geenzebléi hunn och gehollef, d'Telleren ze dekoréieren - all Teller ass deemno eenzegaarteg.
Dës gi begleet vu raffinéierte Glieser, déi zesumme vun der Brasserie Simon an de Kënschtler vu CooperationsART kreéiert goufen. D'Restauranten an der Groussgaass - dorënner Chez Xu, La Bourse, Braise Dorée, Amrit, A Tasquinha, Beim Schlass, Karameli a Fischer - zerwéieren hir Spezialitéiten um Banquetsdësch, vun deem d'Gäscht sech selwer zerwéiere kënnen. Gedrénks gëtt vu mobile Baren zerwéiert.
Gratis Concert: Selah Sue live am Amphitheater
Musekalesch Optrëtter a partizipativ Konschtprojete schafen eng lieweg Atmosphär laanscht de Banquetsdësch an der Groussgaass. Vum 12:30 Auer u gëtt d’Fest mat engem grousse Public Viewing vum nationalen Tour vum Groussherzog erweidert: de Public kann d'Etappen vun der Tour live op groussem Ecran verfollegen. Um 14:20 Auer ginn de Groussherzog Guillaume an d'Groussherzogin Stéphanie feierlech zu Wooltz begréisst. Beim offiziellen Empfang am Amphitheater kënnen d'Visiteuren eng partizipativ Video-Installatioun a musikalesch Optrëtter genéissen.
Vu 15:20 Auer u ginn den Amphitheater an d'Groussgaass an e grousse Festberäich ëmgewandelt, mat verschiddene Shows, Musek an Theatervirstellungen. De musikaleschen Héichpunkt vum Owend ass de gratis Concert vun der belscher Soul- a Pop-Ikon Selah Sue, déi géint 19:00 Auer an enger spezieller Bandformatioun a fir ausgewielte Lidder zesumme mat der Lëtzebuerger Jazzsängerin a Komponistin Claire Parsons op d'Bün kënnt.
Foto-Campagne – Wooltz weist säi Gesiicht
Vun Mëtt September u vermëttelt d'Stad Wooltz eng staark ëffentlech Botschaft vun Oppenheet, Diversitéit a richteger Gaaschtfrëndlechkeet mat enger grousser Foto-Campagne. Ënnert dem Titel "Wëllkomm zu Wooltz" erschéngen 23 Portraiten op zentrale Plazen am Éislek – als Invitatioun un all Mënsch fir sech zesummen un dësen Dësch ze setzen. Zesumme mam Fotograf Tom Jungbluth goufen iwwer 20 Leit vu Wooltz fotograféiert – andeems se symbolesch eng oder méi fräi Plazen un hirem Dësch fir d'Gäscht fräi halen. D'Fotoe goufen am Stil vu politesche Plakat-Campagnen erstallt – direkt, zougänglech a selbstbewosst. Si sinn ee Symbol vun engem modernen, kosmopolitesche Wooltz, dat Leit mat verschiddenen Hannergrënn begréisst.
D’Fest gëtt vun der Gemeng Wooltz a Kooperatioun mat COOPERATIONS – Acteurs Socio-Culturels a mat der Ënnerstëtzung vum Naturpark Öewersauer organiséiert.
Méi Infoen: trounwiessel.lu
Informations fournies par echo.lu