Aktiv Wooltz - Kenn deng Gemeng

Veröffentlicht am 28 April 2025
Wärend der Pâischtvakanz hues du d'Méiglechkeet deng Gemeng wärend dräi Deeg op eng spannend an erliefnisr!aich Aart a Weis kennen ze léieren.
Mat 11 anere Kanner a mat der Hëllef vu Kaart a Kompass begitt dir iech zu Fouss op een Abenteuer duerch déi verschidden Dierfer an déi ëmleiend Natur. Ënnerwee waarden eng ganz Rei spannend Statiounen op dech, wou et vill z'entdecken an zêrliewe gëtt.
Schlofe kanns du entweder an engem Zelt oder ënnert fräiem Himmel, sou wéi dat sech fir Abenteurer:innen gehéiert. Natierlech gëtt och zesummen dobausse gekacht a giess. Dat eenzegt Material wats du brauchs si fest Schong a passend Kleeder. Et ëtt d'Méiglechkeet op Ufro gratis ee schlofsak, eng Isomatt an/oder ee Rucksak ze léinen.
Datum: 26.05.2025 - 28.05.2025
Départ an Ofschloss zu Wooltz
Max. 12 Kanner aus dem Cycle 4
Umeldung bis den 12.05.2025 via Inscriptiounsfiche: Disponibel op www.aktiv-wooltz.lu
Kontakt: Aida Cornelis
Downloads
Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...
...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!