Fête populaire - Célébrez la veille de la fête nationale au château de Wiltz

Veröffentlicht am 05 Juni 2025
Feiert de Virowend vu Nationalfeierdag am Weeltzer Schlass!
Sonndes, den 22. Juni 2025 vu 15:00 bis 24:00 Auer
Animatioun am Weeltzer Schlass ab 15:00 Auer
PROGRAMM VUM OFFIZIELLEN DEEL
17:00 Auer:
- Feierlechen Empfank fir d’Verwaltungen, d’Institutiounen, d’Betriber, d’Pompjeeën an d’Veräiner am Schlass
- Musikalesch Begleedung vun der Musiksschoul Wooltz
- Usprooch vun der Buergermeeschtesch Carole Weigel
- Éierung vun den Dirigeants méritants
- D’lëtzebuerger Nationalhymne gëtt vun der Harmonie Grand-Ducale Municipale Wiltz gespillt
- Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Wooltz
18.20 Auer:
- Cortège mat der Harmonie Grand-Ducale Municipale Wiltz an d'Kierch Notre Dame
- Te Deum an der Kierch Notre Dame ëm 18.30 Auer
PROGRAMM VUM VOLLEKSFEST
- Iess- a Gedrénksstänn vun de lokale Veräiner an Institutiounen
- Live Musik
- DJ & Saxophonist
FIR KANNER A JUGENDLECHER
- Sprangschlass
- Trampolin
- an villes méi
MOBILITÉIT
- Gratis Busnavette - Aus allen Dierfer vun der Gemeng fiert tëscht 14:40 an 24:00 Auer eng Navette.
- City-Bus Wooltz - De City-Bus fiert vun 14:30 Auer bis 24:00 Auer.
- Gratis Parking am Parkhaus "Gemengeplaz" an um Parking du Château.
Downloads
Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...
...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!