Virowend vun Nationalfeierdag zu Wooltz - 22. Juni 2019
PUBLIÉ LE 06 Juni 2019
Grousst Volleksfest am Schlasshaff!
Feiert de Virowend vun Nationalfeierdag am Haff vum Weeltzer Schlass !
Samschdes, 22. Juni 2019 vu 17:00 bis 24:00 Auer
Programm vum offiziellen Deel
- 17:00 Auer : Feierlechen Empfank fir d’Verwaltungen, d’Institutiounen, d’Betriber, d’Pompjeeën an d’Veräiner am Schlass
Musikalesch Begleedung vun der Musiksschoul Wooltz
Usprooch vum Buergermeeschter Fränk Arndt
Iwwerreechen vun de Medailen un d’Dirigeants Méritants
Dono spillt d’Harmonie Grand-Ducale Municipale d’lëtzebuerger Nationalhymne - ëm 17:45 Auer: “Verre de l’Amitié“ am Schlasshaff, offréiert vun der Gemeng Wooltz
- ëm 18.30 Auer: Cortège mat der Harmonie Grand-Ducale Municipale an d’Uewerweelzer Kierch.
- ëm 18.45 Auer: Te Deum an der Uewerweeltzer Kierch.
Programm vum groussen Volleksfest
- Iess- a Gedrénksstänn vun de lokale Veräiner an Institutiounen
- Lëtzebuergesch, bosnesch, portugisesch an international kulinaresch Spezialitéite vum DT Wooltz, FC Wooltz 71, Sloga Wiltz, Futsal Wiltz, Weeltzer Turner an dem Centre Oasis
- Hausmaacher Wafelen a Bastelsaachen vun de Bewunner vum CIPA Geenzebléi
- Pop-Up Konschtgalerie vu Coopérations ART
- Jazz-Concert vum Trio Kohn & Weis2
- Optrëtt vum portugisesche Folklor-Grupp vu Wooltz
- Naoto YoYo Show: De charmante Japaner Naoto beherrscht seng YoYoen wéi keen zweeten
- Shopping-Bingo mat der UCAW : Gewannt flott Akafsbongen
- Football Darts mam FC Wooltz 71 : Schéisst mat Fussbäll op eng riseg Dartsscheiw a gewann flott Präisser
- Festival de Wiltz Infostand : Entdeckt de Programm vum Festival a kaaft Ticketen op der Plaz
Extra Programm fir Kanner a Jugendlecher
- Xtreme Bungee Trampolin: Sprang bis zu aacht Meter héich !
- Xtreme Unicorn Rodeo: Packs du et, op dem wëllen, rosaen Einhorn sëtzen ze bleiwen?
- Xtreme Air Kloterbierg : Klamm bis op d’Spëtzt vun dësem spektakuläre Klotertuerm !
- Xtreme Aerotrim : Fill dech wéi een Astronaut!
- De Clown Alfonso bréngt dech zum Laachen!
- Lies- a Bicherlounge : Entspann bei engem flotte Buch aus der Weeltzer Ludo-Bibliothéik
Losst Iech gratis an d'Schlass an duerno Heem brengen
Gratis Busnavette am Stonnentakt
Aus allen Dierfer vun der Gemeng fueren Navetten vu 17:00 Auer bis 24:00 Auer
Éischt Faart: 17h00 Knapphouschent - 17h10 Selschent - 17h20 Eeschweller - 17h30 Erpeldang - 17h40 Wooltz - Arrêt POST
Zweet Faart: 18h00 Knapphouschent - …
Leschten Depart zu Wooltz: 23h40
City-Bus Wooltz
De City-Bus fiert duerchgoend bis 24:00 Auer
Gratis Parking vu 16:30 Auer un
am Parkhaus Match an um Parking du Château
Downloads
Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...
...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!