Ciné-Débat: Mënschlechkeet am Fokus

2026-06-15 Roger_square

Allgemeine Informationen


Datum und Uhrzeit : Montag, 15 Juni 2026 19:00

Ort : Ciné Prabbeli

Veranstalter : Commune de Wiltz

Tarif : gratuit

E. : [email protected]

T. : 95 99 39 1


Kommt mat eis de Film “Roger” kucken – eng beweegend lëtzebuergesch Produktioun iwwer e jonke Mann, dee wéinst senger Einfachheet an Aarmut um Rand vun der Gesellschaft lieft an trotz allem probéiert seng Plaz am Liewen ze fannen. De Film erzielt mat vill Mënschlechkeet vu sozialer Ausgrenzung, Einsamkeet an der Fro, wéi eis Gesellschaft mat verletzleche Mënschen ëmgeet.

Nom Film hutt dir d’Méiglechkeet, iech mat de Responsabele vun der “Stëmm vun der Strooss” auszetauschen. Si wäerten Ablécker an hir deeglech Aarbecht mat Mënschen a prekäre Liewenssituatioune ginn an erklären, mat wéi enge Schwieregkeeten vill Betraffen am Alldag konfrontéiert sinn. Am Kader vum Ciné-Débat kann zesummen diskutéiert ginn, wéi sozial Ausgrenzung entsteet, wéi Solidaritéit konkret ausgesi kann a wéi wichteg et ass, jidderengem seng Dignitéit ze respektéieren. D’Gespréich soll och d’Méiglechkeet bidden, Froen ze stellen an iwwer sozial Realitéiten zu Lëtzebuerg nozedenken. Uschléissend offréiert d’ Gemeng Wooltz ee Patt.

Weider Froen?
E-Mail: [email protected] - Tel.: 95 99 39 1

Downloads