Ciné-Débat: "Liewensmëttel wäertschätzen - Food Waste am Fokus"
Allgemeine Informationen
Datum und Uhrzeit : Montag, 13 Juli 2026 19:00
Ort : Ciné Prabbeli, 8 Gruberbeerig Wiltz
Veranstalter : Commune de Wiltz
Tarif : gratuit
E. : [email protected]
T. : 95 99 39 - 1
Kommt mat eis den Film „Taste the Waste“ vum Valentin Thurn kucken – e preisgekréinten Dokumentarfilm, deen op eng interessant Aart a Weis weist, wéi vill Liewensmëttel all Dag op der Welt verschwend ginn. De Film geet de Grënn vun dëser Verschwendung op de Fong a weist, datt e groussen Deel vun eise Liewensmëttel schonn um Wee vum Feld bis an de Supermarché oder op eisen Teller am Offall lant. Dobäi beliicht hien net nëmmen d‘Auswierkunge vun dëser Verschwendung op Klima, Ëmwelt a Ressourcë, mee weist och inspiréierend Initiativen a Léisungsusätz, déi beweisen, datt en aneren Ëmgang mat eise Liewensmëttel méiglech ass.
Nom Film hutt Dir d‘Méiglechkeet, Iech mat de Responsabele vun On.perfekt an Transition Nord auszetauschen. Béid Associatioune setzen sech aktiv géint d‘Liewensmëttelverschwendung an a maachen et sech zur Aufgab, nach genéissbar Liewensmëttel virun der Offalltonn ze retten an hinnen en zweet Liewen ze ginn. Si wäerten hir Missiounen an hir Aktivitéite virstellen an erklären, wéi jidderee mat einfache Gesten dozou bäidroe kann, Food Waste am Alldag ze reduzéieren. Am Kader vum Ciné-Débat diskutéiere mir zesummen iwwer d‘Ursaache vun der Liewensmëttelverschwendung, hir Konsequenze fir Mënsch an Ëmwelt an d‘Fro, wéi mir méi bewosst mat eise Liewensmëttel ëmgoe kënnen. D‘Gespréich bitt och d‘Méiglechkeet, Froen ze stellen an Iddien auszetauschen.
Uschléissend offréiert d’Gemeng Wooltz ee Patt.