Feiert de Virowend vu Nationalfeierdag am Weeltzer Schlass

2019-virowend-nationalfeierdag

Veröffentlicht am 09 Juni 2026

Feiert de Virowend vu Nationalfeierdag am Weeltzer Schlass! 

Méindes, den 22. Juni 2026 vu 17:00 bis 24:00 Auer

PROGRAMM VUM OFFIZIELLEN DEEL

17:00 Auer:

  • Feierlechen Empfank fir d’Verwaltungen, d’Institutiounen, d’Betriber, d’Pompjeeën an d’Veräiner am Schlasshaff
  • Musikalesch Begleedung vun der Musiksschoul Wooltz
  • Usprooch vum Buergermeeschter Patrick Comes
  • Éierung vun den Dirigeants méritants an de Pompjeeën
  • D’lëtzebuerger Nationalhymne gëtt vun der Weeltzer Musik gespillt
  • Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Wooltz

18.20 Auer:

  • Cortège mat der Weeltzer Musik an d'Kierch Notre Dame
  • Te Deum an der Kierch Notre Dame ëm 18.30 Auer

PROGRAMM VUM VOLLEKSFEST

  • Iess- a Gedrénksstänn vun de lokale Veräiner an Institutiounen
  • Live Musik

FIR KANNER A JUGENDLECHER

  • Sprangschlass
  • Trampolin
  • Facepainting
  • Fotobox
  •  an villes méi

MOBILITÉIT

  • Gratis Busnavette - Aus allen Dierfer vun der Gemeng fiert tëscht 16:00 an 24:00 Auer eng Navette.
  • City-Bus Wooltz - De City-Bus fiert dee ganzen Dag nom Horaire vun der Linn S (Samsdestour) an dat bis 00:20 Auer. 
  • Gratis Parking am Parkhaus "Gemengeplaz" an um Parking du Château.

Downloads


Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...

...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!