Ciné-débat: Menschlichkeit im Fokus
Veröffentlicht am 02 Juni 2026
Kommt mat eis de Film “Roger” kucken – eng beweegend lëtzebuergesch Produktioun iwwer e jonke Mann, dee wéinst senger Einfachheet an Aarmut um Rand vun der Gesellschaft lieft an trotz allem probéiert seng Plaz am Liewen ze fannen. De Film erzielt mat vill Mënschlechkeet vu sozialer Ausgrenzung, Einsamkeet an der Fro, wéi eis Gesellschaft mat verletzleche Mënschen ëmgeet.
Nom Film hutt dir d’Méiglechkeet, iech mat de Responsabele vun der “Stëmm vun der Strooss” auszetauschen. Si wäerten Ablécker an hir deeglech Aarbecht mat Mënschen a prekäre Liewenssituatioune ginn an erklären, mat wéi enge Schwieregkeeten vill Betraffen am Alldag konfrontéiert sinn. Am Kader vum Ciné-Débat kann zesummen diskutéiert ginn, wéi sozial Ausgrenzung entsteet, wéi Solidaritéit konkret ausgesi kann a wéi wichteg et ass, jidderengem seng Dignitéit ze respektéieren. D’Gespréich soll och d’Méiglechkeet bidden, Froen ze stellen an iwwer sozial Realitéiten zu Lëtzebuerg nozedenken. Uschléissend offréiert d’ Gemeng Wooltz ee Patt.
Weider Froen?
E-Mail: [email protected] - Tel.: 95 99 39 1
Downloads
Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...
...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!