Feiert de Virowend vu Nationalfeierdag am Weeltzer Schlass
Veröffentlicht am 09 Juni 2026
Feiert de Virowend vu Nationalfeierdag am Weeltzer Schlass!
Méindes, den 22. Juni 2026 vu 17:00 bis 24:00 Auer
PROGRAMM VUM OFFIZIELLEN DEEL
17:00 Auer:
- Feierlechen Empfank fir d’Verwaltungen, d’Institutiounen, d’Betriber, d’Pompjeeën an d’Veräiner am Schlasshaff
- Musikalesch Begleedung vun der Musiksschoul Wooltz
- Usprooch vum Buergermeeschter Patrick Comes
- Éierung vun den Dirigeants méritants an de Pompjeeën
- D’lëtzebuerger Nationalhymne gëtt vun der Weeltzer Musik gespillt
- Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Wooltz
18.20 Auer:
- Cortège mat der Weeltzer Musik an d'Kierch Notre Dame
- Te Deum an der Kierch Notre Dame ëm 18.30 Auer
PROGRAMM VUM VOLLEKSFEST
- Iess- a Gedrénksstänn vun de lokale Veräiner an Institutiounen
- Live Musik
FIR KANNER A JUGENDLECHER
- Sprangschlass
- Trampolin
- Facepainting
- Fotobox
- an villes méi
MOBILITÉIT
- Gratis Busnavette - Aus allen Dierfer vun der Gemeng fiert tëscht 16:00 an 24:00 Auer eng Navette.
- City-Bus Wooltz - De City-Bus fiert dee ganzen Dag nom Horaire vun der Linn S (Samsdestour) an dat bis 00:20 Auer.
- Gratis Parking am Parkhaus "Gemengeplaz" an um Parking du Château.
Downloads
Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...
...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!