Aktioun "emgedréinten Adventskalenner" vum H. Pit Maas

Adventskalenner

PUBLIÉ LE 30 November 2017

Och Wooltz mécht bei der Aktioun "emgedréinten Adventskalenner" vum H. Pit Maas mat. 

https://www.facebook.com/pit.maas

 

Dir kennt Är Këschten am Syndicat d'Initiative vu Wooltz ofginn. (35, rue du Château, Wooltz)

Méindes bis Samstes vum 9:00 bis 12:00 Auer a vun 14:00 bis 17:00 Auer

 

Pit Maas:

 

Ech maachen dëst Joer en emgedréinten Adventskalenner. All Dag am Dezember kennt een haltbaren Produit an des Këscht. Fir Hellegerowend droen ech se dann bei een deen Hëllef brauch.

 

Wee mecht nach mat?

 

D'Stëmm vun der Strooss sammelt fir bedürfteg Leit.

- Liewensmëttel déi net mussen an de Frigo/Tiefkühler (Nuddelen Räis, Zoosen, Zoppen, ... ) 
- Hygieneartikel (Déo, Seef, ...)

 

Aus organisatoreschen Grënn keng Kleeder a keng Spillsaachen.

 

Fir är Këschten ofzegin:

D'Stëmm vun der Strooss sammelt alles zentral zu Bouneweg.

Fir dass sie net iwwerlaaf gin a fir dass net jidereen muss matt deem eegenen Auto fueren, wier et gudd fir Keschten vun méi Leit ze sammelen an zesummen op Bounegweg ze féieren. Fir Wooltz: Luxambulance Sarl.


Wenn Sie die neuesten Nachrichten per E-Mail erhalten möchten...

...dann melden Sie sich für unseren Newsletter an!