Ciné-Débat: eng lëtzebuergesch Geschicht - Identitéit a Wandel

pexels-trksami-34084909

Allgemeine Informationen


Datum und Uhrzeit : Montag, 07 Dezember 2026 18:30

Ort : Ciné Prabbeli, 8, Gruberbeerig L-9538 Wiltz

Veranstalter : Commune de Wiltz

Tarif : gratuit

E. : [email protected]

T. : 95 99 39 1


Kommt mat eis den Dokumentarfilm «Schwaarze Mann – Un noir parmi nous» vum Fränz Hausemer kucken. De Film erzielt d’Liewensgeschicht vum Jacques Leurs (1910–1968), dem éischte schwaarze Mann mat lëtzebuergescher Nationalitéit.

Am Joer 1912 gëtt de klenge Jacques vu sengem lëtzebuergesche Papp bei seng Grousselteren zu Lëtzebuerg bruecht. Säi Papp geet zeréck an de Kongo bei seng Mamm. De Jacques wäert seng Elteren ni méi erëmgesinn. De Film verfollegt säi Liewenswee an enger Zäit, déi staark vun der Kolonialgeschicht, de politesche Konflikter an de gesellschaftleche Verännerunge vum 20. Joerhonnert gepräägt ass.

Nom Film hutt dir d’Méiglechkeet, iech mat Vertrieder vun DAJEE ELO auszetauschen. D’Organisatioun setzt sech dofir an, déi lëtzebuergesch Gemengen bei der Gestaltung vun engem gelongene gesellschaftlechen Zesummeliewen ze ënnerstëtzen an d’Bevëlkerung géint Rassismus an ethno-rassesch Diskriminéierung ze sensibiliséieren. Den Austausch wäert sech ënner anerem ëm d’Theme vun der Identitéit, der Diversitéit an dem Zesummeliewen dréinen.

Uschléissend offréiert d’Gemeng Wooltz ee Patt.

Weider Froen? E-Mail: [email protected] - Tel.: 95 99 39 1

Downloads